Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.112 Artikelen an 123 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Mathematiksprofesser Antoine Meyer (1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829), war?
- … d'Stad Limbourg weeder an der belscher nach an hollännescher Provënz Limburg läit, deene se den Numm ginn huet, ma an der Provënz Léck?
- … d'Carmen Pereira 1984 wärend dräi Deeg d'Amt als Presidentin vu Guinea-Bissau hat an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
- … et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
- … de Boulevard de la Recherche um Belval op knapps 300 Meter duerch Frankräich geet?
Artikel vun der Woch

Cassini-Huygens ass den Numm vun enger Missioun vun zwou Raumsonden, déi gebaut goufen, fir de Planéit Saturn, seng Réng a seng Mounden z'erfuerschen. De Cassini war en Orbiter, deen am Optrag vun der NASA gebaut gouf an dee seng Observatiounen aus enger Ëmlafbunn eraus gemaach huet. Den Huygens gouf am Optrag vun der ESA als Lander gebaut an ass am Laf vun der Missioun vum Cassini ofgekoppelt ginn, fir um Mound Titan ze landen an esou Informatiounen iwwer seng Atmosphär a seng Uewerfläch ze sammelen.
Déi zwou Sonden, déi uneneegekoppelt waren, goufen de 15. Oktober 1997 vum Launch Complex 40 op Cape Canaveral mat enger Titan-IVB-Rakéit gestart. Den 1. Juli 2004 ass de Cassini an den Orbit vum Saturn ageschwenkt an de 14. Januar 2005 ass den Huygens, dräi Wochen nodeems e sech vum Cassini getrennt hat, um Titan gelant an huet 72 Minutte laang Daten op d'Äerd geschéckt. Dem Huygens seng Missioun gouf e puermol verlängert a goung definitiv op en Enn, wéi en de 15. September 2017 an d'Saturnatmosphär agetrueden an dobäi vergloust ass... > méi

Op engem 31. Oktober

- 1711: Déi italieenesch Philologin Laura Bassi gëtt gebuer.
- 1760: Gebuert vum japanesche Xylograph Katsushika Hokusai.
- 1856: Doud vum lëtzebuergeschen Entreprener, Editeur a Politiker Jacques Lamort.
- 1887: De chineesesche Politiker Chiang Kai-shek kënnt op d'Welt.
- 1922: An Italien kënnt de Benito Mussolini un d'Muecht.
- 1947: D'Allgemengt Douanes- an Handelsofkommes (GATT) gëtt zu Genf vun 23 Staaten ënnerschriwwen.
- 1961: Den neiséilännesche Filmregisseur Peter Jackson gëtt gebuer.
- 1984: Déi indesch Ministerpresidentin Indira Gandhi gëtt vun zwéi Leifwiechter ermuert.
Kierzlech Verstuerwen
- 28. Oktober: Elke Sommer, däitsch Schauspillerin; Patrick Stewart, brittesche Schauspiller.
- 27. Oktober: Norbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Oktober: Henri Frank, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 21. Oktober: Tom Skerritt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Oktober: Gast Heuschling, lëtzebuergesche Moler
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
